Ferme A Schmatten

De wichtegsten a schéinsten Dag fir ärt Kand an engem Joer as sein Gebuertsdag.

Mir bidden Iech un, dëst Erliefnes op eisem Bauerenhaff ze feieren an zu engem onvergiesslechen Dag ze maachen. An engem 3 Stonnen Oflaaf erwaart Kanner e schéine Programm.

Hei e puer Beispiller:

– Pizzadeeg selwer maachen

– all eis Déiren kucken, fidderen an heemelen

– Ponyreiden

– eng Schatzsuche man an Unschleissend op der Scheier austooben

– zum Schluss dann Pizza ganz fäerdeg  man, baacken an iessen

– Gedrénks as och mat dobäi

Adresse

A Schmatten 40, rue de Canach L-5368 Schuttrange

Horaires

 Dat Ganzt kennt dir Dënschdes, Donneschdes a Samstes Moies vun 10 – 13 Auer oder Mettes vun 14-17 Auer  bei eis um Haff feieren.

Infos

Mindestalter ass 4 Joer

Zuel vun Kanner: 15 maximum

Zuel Erwuessen: 5 maximum

Ferme A Schmatten