janvier 2020
210116 h 00 min17 h 00 minEi, Ei, Ei?!

Détails de l'événement
D'Ee oder d'Hong, wie war als éischt do? Objetstheater Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert
En lire plus
Détails de l'événement
D’Ee oder d’Hong, wie war als éischt do? Objetstheater
Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hatt an der Bomi hiren Hëngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwert Joren zu enger eenzegaarteger
Sammlung zesummendréit.
No der grousser Première um Marionnettefestival 2018 verléisst Ei, ei, ei?! d’Scheier zu Toodler, fir elo den Awunner aus dem ganze Land eng kuerzgefaasst an decaléiert Versioun vun der Evolutiounsgeschicht vum scheinbar harmloseste Plommendéier op der Welt ze erzielen.
E poetescht an humorvollt Stéck iwwer d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.
Alter ab 8 Joer (Cycle 3 & 4) Sprooch Lëtzebuergesch
Heure
(Mardi) 16 h 00 min - 17 h 00 min
Emplacement
Mierscher Kulturhaus
53 rue Grande Duchesse Charlotte L-7520 Mersch
Organisateur

Mierscher KulturhausT. 26 32 43 1/ info@kulturhaus.lu 53 rue Grande Duchesse Charlotte L-7520 Mersch