juin 2018
090612 h 00 min16 h 00 minCharly Bësch-Olympiade

Détails de l'événement
Huelt Deel mat Ären Kanner un der éischter Editioun Spill - Natur - Spaass Fir d'Kanner & d'Elteren: Alter 6-8 zu Brouch (Miersch) Départ vum leschte Grupp: 15:00 Auer D'Charly Bësch-Olympiade soll de Kanner unhand
En lire plus
Détails de l'événement
Huelt Deel mat Ären Kanner un der éischter Editioun
Spill – Natur – Spaass
Fir d’Kanner & d’Elteren: Alter 6-8 zu Brouch (Miersch)
Départ vum leschte Grupp: 15:00 Auer
D’Charly Bësch-Olympiade soll de Kanner unhand vu flotte Spiller d’wëll Déieren aus dem Bësch an d’Natur méi no bréngen.
Niewent verschiddenen Disciplinne gëtt wärend dem ganzen Dag och en Bastel- a Molatelier ugebueden.
Et gëtt gegrillt an natierlech och Gedrénks fir jiddereen. Den Erléis dovu geet un d’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeléng.
Hei d’Detailer:
5 Disciplinne mat maximal 5 Kanner pro Grupp. Et kennen entweder scho fäerdeg Gruppen ugemellt ginn oder et gëtt en op der Platz an eng Grupp agedeelt.
Statiounen um Parcours:
- Wien sinn ech? Geräischer erkennen
- Spuere liesen
- Gewei-Prezisiouns-Worf mat Réng
- Wäitsprong vu Déieren
- Wien sinn ech? Ausgesinn
Déi 5 Statiounen daueren am ganzen zirka 30 Minutten. Zum Schluss vun der Olympiade kritt all Kand e Präis an eng Urkunde. Fir de beschte Grupp gëtt et nach en Extra-Präis. Fir de Benevollen entgéint ze kommen, léit de Präis fir deelzehuele bei 5€. Natierlech dierfen d’Elteren d’Kanner och wärend dem Parcours begleeden.
Fir sech un ze mellen einfach eng Email bis spéitstens de 25 Mee 2018 un yeah@decharly.lu mat dem Numm / Virnumm vum Kand schécken.
Heure
(Samedi) 12 h 00 min - 16 h 00 min
Emplacement
Am Zeep
Am Zeep L-7415 BROUCH Luxembourg
Organisateur

DeCharly yeah@decharly.lu/ +352 691 377 776 Mr. Charles Peters 45 Rue des champs L-7521 Mersch